
D'Frachtschëff hat e Freideg virun Helsinki New York als Destinatioun uginn. Den Tanker soll bal 300.000 Fässer Diesel am russeschen Ueleghafen Primorsk gelueden hunn. Seng Arrivée an den USA ass fir de 7. November virgesinn.
De russesche Vizepremier Alexander Nowak, dee fir den Energiesecteur zoustänneg ass, hat den Transport schonn e Mëttwoch annoncéiert. Washington a Moskau hate sech Ufank Oktober op en Accord iwwer russesch Dieselliwwerunge gëeenegt. Fir dësen Deal méiglech ze maachen, goufen amerikanesch Sanktioune géint Russland gelackert.
D'Ofkommes huet virun allem an der Ukrain an ënnert den europäeschen Alliéierte fir hefteg Kritik gesuergt. Politesch Observateure gesinn doranner de Versuch vum Donald Trump, d'Kraaftstoffpräisser an den USA nach virun de sougenannte Midterm-Walen den 3. November ze reduzéieren. D'Republikaner stinn duerch déi héich Liewenskäschten an déi staark geklomme Bensinnspräisser als Konsequenz vum Iran-Krich ënner Drock.
Zanter dem Diesel-Accord hunn d'Bezéiungen tëscht den USA an der Ukrain däitlech gelidden. Zousätzlech suergt de militäresche Satellittekommunikatiounssystem Starshield, dee vum amerikaneschen Entreprise SpaceX zur Verfügung gestallt gëtt, fir nei Spannungen.
Obwuel den Trump en Donneschdeg erkläert hat, de System géif nees funktionéieren, huet den ukrainesche Verdeedegungsministère e Freideg weider Signalverloschter gemellt.
Trotz de politesche Spannunge versichen d'USA weiderhin, diplomatesch eng Léisung fir de Krich an der Ukrain ze fannen.
Den amerikanesche Sonneremissär Steve Witkoff hat sech zu Sankt Petersburg mam russesche President Wladimir Putin getraff, nodeems hien den Dag virdrun zu Oslo mam Selenskyj geschwat hat. Dobäi soll de Witkoff nei Iddie fir en Enn vum Krich presentéiert hunn. De Kreml huet doropshin seng Bereetschaft fir nei trilateral Gespréicher ronderëm den 10. November signaliséiert, also no den amerikanesche Kongresswalen.
E Freideg huet Moskau ausserdeem ugekënnegt, datt direkt Gespréicher tëscht russeschen an ukrainesche Vertrieder ënner amerikanescher Vermëttlung an der éischter Hallschent vum November zu Abu Dhabi geplangt wieren.
Eng positiv Entwécklung gouf et iwwerdeems beim Austausch vu Krichsgefaangenen. Russland an d'Ukrain hunn e Freideg jeeweils 270 Zaldoten ausgetosch.
"270 vun eise Landsleit sinn nees doheem. Dat ass e ganz wichtegen Erfolleg", huet de Selenskyj an de soziale Medie matgedeelt. Och de russesche Verdeedegungsministère huet d'Réckféierung vun 270 Zaldote confirméiert.
Den Austausch vu Krichsgefaangene bleift ee vun de wéinege Beräicher, an deenen déi zwou Krichsparteien nach zesummeschaffen. Zanter dem Ufank vun der russescher Invasioun am Februar 2022 konnten op dësem Wee schonn Dausende Mënschen an hir Heemecht zeréckkommen.