Staarkt Äerdbiewen a Kolumbien20 Doudesaffer zu Pereira, zu Cali sinn 20 Gebaier an de Koup gefall

RTL Lëtzebuerg
En uergt Biewe mat enger Stäerkt vu 7,4 op der Richterskala huet e Méindeg d’Westküst vu Kolumbien getraff.
© JOAQUIN SARMIENTO/AFP

D’Biewe war och am Nopeschland Ecuador ze spieren an huet vill Leit dozou bruecht, Gebaier ze verloossen.

An der Stad Cali sinn no den éischten Informatiounen op d’mannst 20 Gebaier agefall. Verschidde Mënsche sollen dobäi agespaart gi sinn. D’Stad huet Rettungsekippen aus Bogotá a Medellín ugefrot.

Den Epizenter louch bei San José del Palmar an der Regioun Chocó, ronn 400 Kilometer westlech vu Bogotá, an enger Déift vu ronn 107 Kilometer.

Am Weste vu Kolumbien sinn d’Schied anscheinend am schlëmmste. An der Stad Pereira, der Haaptstad vum Departement Risaralda, goufen 18 Doudesaffer gemellt. Zu Manizales, der Haaptstad vum Departement Caldas, sinn op d’mannst zwou Persounen ëm d’Liewe komm.

D’Äerdbiewe kommen e puer Wochen no zwee staarke Biewen a Venezuela, bei deenen Honnerte Gebaier zerstéiert goufen a méi wéi 5.000 Mënsche gestuerwe sinn.

Back to Top
CIM LOGO