
D'Ukrain hat sech beklot, datt Starlink, de Satelitteninternet vum Elon Musk, limitéiert gouf. Medie mellen elo, datt den Donald Trump soll de Musk gefrot hunn, fir dat réckgängeg ze maachen.
De militäresche Kommunikatiounssystem Starshield ass fir d'Ukrain immens wichteg an eng Drosselung soll zum Beispill Auswierkungen op d'Droneverteidegung hunn.
Den Trump wëll net soen, ob hie sech ageschalt huet. Ob hien ugeruff hätt oder en aneren, géif keen Ënnerscheed maach, sot hie viru Journalisten. Ënnert dem Stréch wär hie frou, datt et nees géif goen.