
Den Ëmgang mam verstuerwenen bosnesch-serbesche Krichsverbriecher Ratko Mladić suergt fir Tensiounen tëscht Serbien an der EU. D'europäesch Erweiderungskommissärin Marta Kos huet eng geplangte Visitt am Land d'nächst Woch ofgesot, well de Mladić no sengem Doud ze vill "verherrlecht" géif. Dat géif den europäesche Wäerter widderspriechen. De verurteelte Generol gëtt e Méindeg zu Belgrad begruewen. Do virdrun awer gëtt d'Läich vum 84 Joer ale Krichsverbriecher an enger orthodoxer Kierch opgeboort. De Ratko Mladić ass ënnert anerem wéinst senger Responsabilitéit um Massaker zu Srebrenica an der Belagerung vu Sarajewo wéinst Verbrieche géint Mënschlechkeet a Vëlkermord zu enger liewenslaanger Prisongsstrof verurteelt ginn an ass d'lescht Woch an engem UNO-Prisong zu den Haag gestuerwen.