
"Mir si positiv iwwerrascht vum groussen Interessi, mir wäerten natierlech keen opweisen", sou de Paräisser Äerzbëschof Laurent Ulrich en Dënschdeg zu Paräis. Et gëtt domat gerechent, dass d'Participante vun der Poopst-Mass de 26. September déi komplett Champs-Elysée wäerten a Beschlag huelen an nach hannert dem Arc de Triomphe Bildschiermer opgestallt ginn.
"Et ass eng Erausfuerderung, op annerhallwem Dag gutt eng Millioun Mënschen z'empfänken", sot de Generol Hervé Wattecamps, deen zu Paräis d'Preparatioune koordinéiert. Wann de Poopst mam Papamobil duerch d'Stroosse vu Paräis fiert, sollen all d'Kiercheklacke lauden.
De Poopst Leo XIV. gëtt de 25. an 28. September a Frankräich fir e Staatsbesuch erwaart. Et ass déi éischt vun dëser Aart zanter dem Besuch vum Poopst Benedikt XVI. am Joer 2008.
Zum Optakt vun der Visitt wëll de Poopst e Freideg 25. September mam President Emmanuel Macron zesummentreffen an de Paräisser Sëtz vun der Unesco besichen. An der Paräisser Kathedral Notre-Dame wäert hie mat iwwer dausend Paschtéier, Diakonen an Uerdensleit zesummekommen. Owes ass eng Renconter mat ongeféier 80.000 jonke Mënschen am Stade de France geplangt, bei dësem Gebietstreffe soll d'Sängerin Monroe optrieden, déi Frankräich am Eurovision Song Contest vertrueden hat.
E Sonndeg wëll sech de Poopst de Pilgeruert Lourdes ukucken an do mat bis zu 150.000 Mënschen eng Mass ënner fräiem Himmel ofhalen. D'Mosaicke vum sloweenesche Geeschtleche Marko Rupnik un der Fassad vun der Basilika solle bis dohi komplett ofgedeckt sinn, well dëse mat Mëssbrauchsvirwërf konfrontéiert ass.
Wärend der Visitt kënnt et och zu Renconteren am klenge Krees. Zu Paräis ass e Besuch vun enger Ariichtung fir Migrante geplangt an zu Lourdes trëfft de Poopst mat siwe Mëssbrauchsaffer zesummen. Hien huet Wäert drop geluecht, dass et e perséinlecht Gespréich gëtt, betounen d'Organisateuren. Eng onofhängeg Enquêtëkommissioun hat 2021 d'Zuel vun de Mëssbrauchsaffer vu Kierchevertrieder a Frankräich zanter dem Joer 1950 op 330.000 geschat. De Poopst Leo trëfft am Paräisser Institut Catholique donieft nach Persounen, déi sech op d'Daf preparéieren oder viru kuerzem eréischt als Erwuessener gedeeft goufen.
De Schluss vun der Poopst-Visitt ass zu Metz, dem Wunnuert vum Robert Schuman, engem vun de Grënner vun der EU. D'kathoulesch Kierch huet e Verfaren an d'Weeër geleet, fir de Schuman séileg ze schwätzen. Fir d'Mass an der Kathedral vu Metz sinn och d'Bëscheef vun Tréier a Speyer souwéi Lëtzebuerg, Namur a Léck invitéiert. Nieft dem Macron ginn do och aner europäesch Staats- a Regierungscheffen erwaart. De Poopst wëll u Metz fir Fridden an Eenheet an Europa bieden.