Saudi-ArabienEng Persoun bei weiderem Ugrëff op Fluchhafen zu Riad gestuerwen

AFP
Bei engem weideren Ugrëff e Sonndeg op den internationale Fluchhafen an der saudi-arabescher Haaptstad Riad ass ee Mënsch ëm d'Liewe komm.
Bei einem Angriff am Sonntag auf den internationalen Flughafen der saudiarabischen Hauptstadt Riad ist ein Mensch getötet worden. Elf weitere Menschen seien verletzt worden, erklärte die saudiarabische Luftfahrtbehörde.
Eréischt e Samschdeg waren 13 Leit bei Ugrëff op den internationale Fluchhafen gestuerwen.
© AFP

Eelef Leit wieren iwwerdeems blesséiert ginn, huet déi saudi-arabesch Loftfaartagence op X matgedeelt. D'Doudesaffer wier ee Pakistaner. D'Ausmooss vun de materielle Schied misst nach ënnersicht ginn.

D'Militärkoalitioun géint déi jemenittesch Huthi-Miliz, déi vu Saudi-Arabien ugefouert gëtt, hat virdru matgedeelt, ee Geschoss wier am Terminal 4 vum Fluchhafen ageschloen an hätt ee Feier ausgeléist. D'Loftofwier hätt iwwerdeems eng Rakéit an der Géigend vum Fluchhafen ofgefaangen an zerstéiert, esou de Koalitiounsspriecher Turki al-Maliki.

D'Huthi-Miliz huet matgedeelt, eng Rei Ziler an d'Viséier geholl gehat ze hunn, dorënner de Fluchhafe vu Riad, de Fluchhafe vun Dammam am Oste vu Saudi-Arabien, an zwou Anlage vum staatleche Pëtrolskonzern Aramco.

E Samschdeg scho ware bei engem Ugrëff op de Fluchhafe vu Riad 12 Mënschen ëm d'Liewe komm an 309 weiderer goufe blesséiert. Déi indesch Ambassade hat e Sonndeg iwwerdeems och nach den Doud vun engem Inder bekannt ginn, woumat d'Zuel vun den Doudesaffer op 13 geklommen ass.

De Fluchhafen ass zanter e Samschdeg zou. Dat soll nach bis Méindeg 23 Auer eiser Zäit esou bleiwen, wéi et op der Websäit Flightradar24 geheescht huet. D'Militärkoalitioun mat Saudi-Arabien un der Spëtzt huet d'Huthi-Miliz fir d'Attacke verantwortlech gemaach an huet eng "decidéiert" Reaktioun annoncéiert.

Back to Top
CIM LOGO