D'Eva Gretzmacher an d'Claudia Abbt sinn no iwwer annerhallwem Joer a Gefaangenschaft nees fräi an an der Stad Bengasi am Oste vu Libyen agetraff, esou heescht et vu libesche Medien en Donneschdeg.
Op engem Video, deen de Sender Al-Masar TV publizéiert huet, ware béid Fraen, déi däitlech ënnererniert sinn, ze gesinn, wéi si dem Chalifa Haftar, e Kommandant deen an dëser Regioun e groussen Afloss huet, esou wéi och sengem Fils Saddam Merci soen, datt si si befreit hunn.
"Mäin Numm ass Eva Gretzmacher, ech si 76 Joer al an ech soe vu ganzem Häerz dem Marschall Haftar a sengem Jong Saddam, Merci, déi eis fräigelooss hunn", esou eng vun de Fraen op Franséisch. "Ech war ee Joer an néng Méint laang als Geisel festgehale ginn", esou nach d'Präzisioun.
Bei der zweeter Fra handelt et sech ëm d'Éisträicherin Claudia Abbt. Si sot am Video, si wier "frou, nees fräi ze sinn" an huet och dem Haftar dofir Merci gesot.
Déi zwou Fraen, am Alter vu 76 an 69 Joer, waren 2025 am Niger verschleeft ginn an zanterhier och als Geisel gehale ginn. De Regionalgouverneur vun der nigerescher Regioun Agadez, de Generol Ibra Boulama Issa, hat am Abrëll 2020 "d'Entféierung vun der Auslännerin mam Numm Claudia" confirméiert. Si war deemno aus hirem Haus zu Agadez gekidnappt ginn.
Zanter dem Stuerz vum Muammar al-Gaddafi am Joer 2011 ass Libyen gedeelt. Déi offiziell a vun der UNO unerkannt Regierung vum Ministerpresident Abdulhamid Dbeibah regéiert zu Trioplis am Westen. Si konkurréiert mat der Géigeregierung zu Bengasi, déi vum mächtege Kommandant Haftar ënnerstëtzt gëtt. Déi ostlibesch Truppen, déi ënnert dem Kommando vum Haftar stinn, kontrolléieren de kompletten Osten an e groussen Deel vum Süde vum Land.
Am Niger, wéi och a sengen Nopeschlänner Burkina Faso a Mali, kämpfen Dschihadisten, déi Verbindungen zum IS oder Al Quaida hunn, géint d'Autoritéiten. Bei de Kämpf si bis ewell Dausende Leit ëm d'Liewe komm a Millioune sinn aus der Regioun geflücht.