Explosioun an Haus zu AthenEng Touristin dout gebuergen, sechs Leit nach vermësst

AFP, iwwersat vun RTL
Am Quartier Plaka zu Athen, direkt ënnert der Akropolis, gouf et eng Explosioun an engem Haus. Eng Läich gouf gebuergen, sechs Leit gi vermësst.

No enger Explosioun an engem Wunnhaus an der Alstad vun Athen hu Rettungsekippen eng Läich gebuergen. D'Doudesaffer ass eng Touristin aus den USA, déi zesumme mat hirem Mann an enger weiderer Koppel eng Vakanzewunneng am Gebai gelount hat, wéi déi griichesch Noriichtenagence ANA e Samschdeg mellt.

D'Ongléck war e Freideg de Moien am Quartier Plaka geschitt, direkt ënnert der berüümter Akropolis. Der Police no huet eng al Koppel op der ieweschter Etage vum Haus gewunnt, eng Vakanzewunneng drënner wier vu véier US-Bierger gelount gewiescht. Sechs Leit goufen als vermësst gemellt.

Lokale Medien no ginn ee Britt an eng Griichin vermësst, déi op der zweete Etage gewunnt hunn, souwéi véier Touristen aus den USA, déi op der éischter Etage ënnerkomm waren.

Sechs Pompjeesautoen an 30 Secouriste souwéi Sichhënn waren am Asaz. Op der Plaz vun der Explosioun hu Bagger Stécker ewech geraumt. D'Explosioun gouf éischten Ermëttlungen no duerch eng Gasfuite ausgeléist. D'Gebai ass deels an de Koup gefall, e puer Nopeschhaiser goufe beschiedegt. Zwou Fraen aus Nopeschgebaier goufen an d'Spidol bruecht. Eng weider Persoun gouf duerch Stécker blesséiert.

De Buergermeeschter vun Athen Haris Doukas huet erkläert, datt d'Schied sech "iwwer déi ganz Strooss souwéi iwwer d'Strooss hannert dem Gebai" géingen zéien. Aktuell géing ënnersicht, ob aner Gebaier ofgerappt musse ginn.

Den historesche Quartier Plaka, an deem d'Explosioun geschitt ass, ass bei Touristen immens beléift. E läit an der Géigend vun der Hadrianpaart, engem vun de wichtegste Bauwierker aus der réimescher Zäit zu Athen. D'Akropolis, déi direkt iwwer dem Quartier läit, gouf 2025 vu 4,5 Milliounen Touriste visitéiert.

Back to Top
CIM LOGO