Gréisste Konkurrent vum Donald TrumpEnn vum Ron DeSantis senger Campagne fir bei de Presidentiellen ze kandidéieren

RTL Lëtzebuerg
Hien huet laang wéi den nächste mächtege Mann an der republikanescher Partei ausgesinn. Ma no den éischte Virwalen zitt de Ron DeSantis sech zeréck.
© BRANDON BELL/ GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP

De Ron DeSantis ass Gouverneur vum US-Bundesstaat Florida. Ewéi hien am Mee zejoert annoncéiert hat, bei de Virwalen, fir Kandidat vun der republikanescher Partei, bei den US-Presidentiellen ze ginn, unzetrieden, hate vill Analysten him héich Chance ginn.

Ma no den éischte Virwalen am Iowa gesäit alles anescht aus. Den Donald Trump hat hei mat 51 % vun de Stëmme gewonnen. Den DeSantis krut dogéint nëmmen 21% vun de Wieler vu sech iwwerzeegt. Dat obwuel hien am Virfeld an allen 99 Walbezierker Walkampf gemaach hat.

E Sonndeg huet de Ron DeSantis d’Konsequenz aus dëser Néierlag gezunn. An engem Video op X huet hie seng Campagne fir clôturéiert erkläert.

Lescht Konkurrenz fir den Trump bleift d’Nicky Haley. Déi fréier UNO-Ambassadrice läit awer däitlech hannert dem Ex-President. En Dënschdeg sinn déi zweet Virwalen vun de Republikaner, dat am US-Staat New Hampshire.

Back to Top
CIM LOGO