
Nodeems e Méindeg d'Läich vun engem Bouf an engem Bësch fonnt gouf, soll elo eng Autopsie klären, ob et sech ëm de 5 Joer jonken Tyméo handelt, dee mëttlerweil zanter gutt zwee Méint vermësst gëtt.
De Kierper gouf zu Onhaye fonnt, net wäit ewech vun Namur. Genee do gouf de klenge Jong Enn Juni als vermësst gemellt, zesumme mat sengem Papp. Dat schwéier zougänglecht Gebitt gouf am Laf vum Dënschdeg weider duerchsicht. Verschidden Elementer, wéi Gezei, dat an der direkter Ëmgéigend vun der Läich fonnt gouf, deiten drop hin, dass et sech ëm de vermësste Jong handelt. Déi kierperlech Iwwerreschter wiere staark zersat an eng Autopsie soll fir Kloerheet suergen.
Fonnt gouf d'Läich, déi an engem schwéier zougänglechen Hiwwel mat vill Gehecks louch, no enger neier Zeienausso. De Bësch läit nëmme ronn zwee Kilometer Loftlinn vum Futtballsterrain zu Onhaye ewech. Do gouf den 28. Juni den Auto vum Tyméo sengem Papp Bryan Brigou entdeckt.
Wéi de Jong ëm d'Liewe koum, ass nach komplett onkloer. D'Ermëttler préiwen eegenen Aussoen no sämtlech Méiglechkeeten, vu Strofdot, bis zu enger Tragedie oder Accident. Parallel gouf och nom Tyméo sengem Papp gesicht. Den 29 Joer ale Mann aus Yvoir war deen Dag zesumme mat sengem Jong verschwonnen. En Dënschdeg hunn déi belsch Autoritéite matgedeelt, datt si och hie warscheinlech fonnt hunn.
Eng Spriecherin vum Parquet huet der AFP géigeniwwer erkläert, d'Police géif "staark dovunner ausgoen", datt et sech bei der Männerläich ëm de Papp vum Jong handelt. D'Decouverte war just e puer Dose Meter vun der Kannerläich fort, déi schonn e Méindeg den Owend fonnt gi war.