Parquet DortmundErmëttlunge géint 105 Joer ale fréieren NS-Sécherheetsmann

RTL mat AFP
De Parquet huet Ermëttlunge lancéiert géint en 105 Joer alen deemolege Sécherheetsmann am Krichsgefaangenelager Senne.
D'Lager Stalag 326 VI K Senne huet vun 1941 bis Krichsenn 1945 existéiert.
© SVEN HOPPE/dpa Picture-Alliance via AFP

Eng Porte-parole vun der Justiz huet der Noriichtenagence AFP en Donneschdeg confirméiert, dass en entspriechend Ermëttlungsverfare géint en haut 105 Joer ale Mann lancéiert gouf. De Beschëllegte kritt Bäihëllef zu villfachem Mord reprochéiert. Nach géingen d'Ermëttlungen awer nach lafen, wéi et weider heescht.

An d'Rulle bruecht, hat d'Verfaren d'"Zentrale Stelle der Landesjustizverwaltungen zur Aufklärung nationalsozialistescher Verbriechen" zu Ludwigsburg. Do virdrun hat nach d'"Bild"-Zeitung iwwer d'Ermëttlunge géint den iwwer 100 Joer ale Mann bericht. Ursprénglech gouf et nämlech zwee Ermëttlungsverfare géint fréier Sécherheetsmänner am Krichsgefaangenelager "Stalag 326 VI K Senne" an Nordrhein-Westfalen, ma ee vun de Männer ass antëscht gestuerwen.

D'Lager "Stalag 326 VI K Senne" huet vun 1941 bis Krichsenn 1945 existéiert. All drëtte sowjettesche Krichsgefaangenen, deen an där Zäit an Nazi-Däitschland koum, huet missen duerch dat Lager. Do ware verschidde Betriber stationéiert, déi Rostoffer verschafft hunn. Nieft sowjetteschen goufen a bestëmmte Lagerberäicher och franséisch, polnesch, serbesch, italieenesch a belsch Krichsgefaangener ënnerbruecht. Den 2. Abrëll 1945 gouf d'Lager vun der Arméi befreit. Am Stalag 326 goufen an dëser Zäit tëscht 180.000 bis 200.000 Gefaangener enregistréiert.

Sollt et zu engem Prozess komme géint de presuméierte fréiere Gardien, wier et net dat éischt Verfare géint e schonn eeleren Ugekloten. D'Landgeriicht Itzehoe hat 2022 eng fréier Sekretärin vum Konzentratiounslager Stutthof verurteelt. Déi deemools 97 Joer al Fra gouf wéinst Bäihëllef zu Mord am 10.505 Fäll schëlleg geschwat a krut eng Jugendstrof vun zwee Joer op Sursis. Si ass antëscht gestuerwen.

2011 gouf zu München den deemools 91 Joer ale KZ-Gardien John Demjanjuk wéinst Bäihëllef zum Mord un 28.060 Mënschen am Vernichtungslager Sobibor a Polen zu 5 Joer Prisong verurteelt ginn. Mat dësem Urteel hat sech och eng nei Rechtspraxis etabléiert, dass jiddereen, deen an esou engem Lager geschafft huet, sech der Bäihëllef zum Massemord schëlleg gemaach huet. Virdrun huet dat just fir déijéineg gegëllt, déi noweislech um Ëmbrénge bedeelegt waren.

Back to Top
CIM LOGO