
No de versichten Sabotageattacken op den däitsche Stroumreseau dës Woch sicht d'Police nach ëmmer mat Nodrock no engem Verdächtegen. E Freideg hunn d'Beamten d'Wunneng vum 48 Joer ale verdächtege Mann an Nordrhein-Westfalen an en ëmgebaute Camion duerchsicht, vun deem se ausginn, datt en doranner zäitweileg gewunnt huet. Antëscht sinn zwee Bekennerbréiwer public ginn an deem et heescht Stroum aus fossille Brennstoffer wier "e Verbriechen". Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt huet de presuméierten Täter als "Klimaterrorist" bezeechent, dee wuel eleng gehandelt huet. Den Inneminister vun Nordrhein-Westfalen fuerdert kritesch Infrastrukturen wéi d'Stroumnetz missten an Zukunft besser geschützt ginn.