Virum Walsonndeg a Sachsen-AnhaltEt gi sech dausende Leit op Manifestatiounen erwaart

Claude Zeimetz
D'Organisateure wëlle virum Walsonndeg hiert Engagement fir eng "villfälteg Zivilgesellschaft" demonstréieren.
D'AfD läit an de Sondagen aktuell wäit vir
© AFP

Virun de Landtagswalen a Sachsen-Anhalt e Sonndeg, gi sech um Samschdeg dausende Leit op Manifestatiounen am ostdäitsche Bundesland erwaart. D'Police krut eng Dosen Evenementer zu Magdeburg eleng gemellt. Gewerkschaften a Vertrieder vun der Zivilgesellschaft rechnen um sougenannten "Demokratiefestival" um "Domplatz" e Samschdeg de Mëtteg mat ronn 8.000 Leit. D'Organisateure wëlle virum Walsonndeg hiert Engagement fir eng "villfälteg Zivilgesellschaft" demonstréieren, heescht et an der Invitatioun. Iwwert Däitschland eraus gëtt mat enger gewësser Uspanung op Sachsen-Anhalt gekuckt, wou d'Afd e Sonndeg mat ronn 40% Zoustëmmung an de Sondage mat Oftstand déi stäerkst Partei dierft ginn. Déi grouss Fro bleift wéi eng Koalitioun d'Bundesland an Zukunft regéiere kann.

Back to Top
CIM LOGO