"Mir si bereet fir Verhandlungen"Et kënnt Beweegung an déi diplomatesch Beméiungen ëm Fridden an der Ukrain

RTL Lëtzebuerg
Den Donald Trump hat jo eng Dräier-Reunioun mam Putin a mam chineesesche Staatschef Xi proposéiert.
De President Selenskyj bei der UN-Vollversammlung.
De President Selenskyj bei der UN-Vollversammlung.
© SELCUK ACAR/Anadolu via AFP

An déi diplomatesch Beméiungen ëm Fridden an der Ukrain kënnt wéi et ausgesäit Beweegung.

No enger Reunioun mam ukrainesche President Selenskyj zu Oslo reest den US-Verhandler Witkoff weider a Russland. Do sollen dann d'Proposen, déi europäesch an amerikanesch Kolleegen ausgeschafft hunn, virgeluecht ginn, soten den norwegesche Premier an de finnesche President.

Si haten op d'Gespréicher an Norwegen invitéiert. "Mir si bereet fir Verhandlungen", sot duerno de Selenskyj. Et géif een de Krich net verléieren, mä Mënscheliewen.

Den Donald Trump hat jo eng Dräier-Reunioun mam Putin a mam chineesesche Staatschef Xi proposéiert. De Selenskyj huet zu Oslo betount, d'Ukrain misst awer mat um Verhandlungsdësch sëtzen.

Den US-Spezial-Emissär Witkoff gesäit wéi gesot e Mëttwoch zu Sankt-Petersburg de russesche President Putin. Do sollen nei ukrainesch Pläng beschwat ginn déi zu enger méiglecher Friddensléisung am Ukrainkrich kéinte féieren. Et hätten nei Iddie ginn, déi elo eben mam Moskau diskutéiert ginn.

Detailer si nach net bekannt, ausser dass d'Ukrain weider op westlech Sécherheetsgarantien pocht, déi d’NATO och wëll assuréieren.

Back to Top
CIM LOGO