
D'EU-Deputéiert Rima Hassan (LFI, radikal Lénks) stoung en Dënschden am Mëttelpunkt vu villen Ukloen. Si soll den Dag virun enger Ausstellung am Europäesche Parlament zum Gedenken un d'Attentater vum 7. Oktober an Israel, den israeelesche an den europäesche Fändel ëmgestouss hunn.
Déi franséisch Deputéiert muss sech bei der Parlamentspresidentin Roberta Metsola erklären, déi iwwert eng méiglech disziplinaresch Moossnam entscheede wäert.
"De Virfall gëtt am Ament vu Servicer vum Europäesche Parlament ënnersicht", esou eng Porte-Parole.
No Aussoen aus hirem Büro hätt d'Rima Hassan sech kuerz no dem Virfall schonn erkläert. Beim Verloosse vun der Ausstellung hätt si den israeelesche Fändel vum Support geholl, wat dozou gefouert hätt, datt den EU‑Fändel, deen um selwechte Fouss fixéiert war, wéinst dem Desequiliber mat ëmgefall wier. Kee Fändel wier beschiedegt ginn.
Hire Service erkläert, de Gest hätt am Kader vun der Denonciatioun vum "nach ëmmer lafende Genozid" duerch d'israeelesch Regierung gestanen an hätt "op kee Fall" d'Persounen oder d'Erënnerung vun de Leit viséiert, déi mat der Ausstellung representéiert ginn.
De rietsen EU-Deputéierte François-Xavier Bellamy hat e Méindeg den Owend behaapt, d'Rima Hassan hätt "den EU-Fändel an den israeelesche Fändel ëmgestouss", wat fir hien eng "Komplizitéit mat deenen" duerstellt, déi nees probéieren, "antisemitteschen Haass anzeféieren, deen déi schlëmmsten Zäit an der Geschicht vun eisem Kontinent verursaacht huet".
De Virfall soll bausse vum Hémicycle geschitt sinn, wou grad eng Gedenkfeier fir de 7. Oktober amgaange war.
"D'Rima Hassan trëtt op en israeelesche Fändel am Europäesche Parlament. De 7. Oktober ass iwwermuer. D'LFI um ënneschten Niveau", sou d'EU-Deptuéiert Nathalie Loiseau (Renew) op X.
Op Basis vu offiziellen Donnéeë goufen 1.221 Mënsche beim Attentat vum 7. Oktober 2023 ëmbruecht, déi meescht dovun Zivilisten. 251 goufen entfouert a vu Kämpfer vum Hamas an de Gaza bruecht.
D'israeelesch Offensiv am Gaza huet méi wéi 74.200 Doudeger gefuerdert.