
D'EU-Kommissioun huet eng Enquête géint d'Online-Reesplattform Booking.com opgemaach. Am Mëttelpunkt steet de Verdacht, datt d'Entreprise net genuch géint Bedruch, gefälschten Annoncen an de Mëssbrauch vu perséinlechen Donnéeë virgeet.
D'Kommissioun wëll ënnert anerem klären, ob Booking.com genuch ënnerhëlt, fir gefälschten Offere vu Logementer entgéintzewierken. Dobäi geet et zum Beispill ëm Wunnengen oder Haiser, déi a Wierklechkeet guer net existéieren. An anere Fäll entspriechen d'Fotoen oder d'Beschreiwunge vun Hoteller an Zëmmeren net der Realitéit.
En anere Schwéierpunkt ass de Phishing. Dobäi probéiere Krimineller, iwwer gefälschte Messagen u perséinlech Informatiounen oder Bankdaten ze kommen.
Donieft soll iwwerpréift ginn, ob d'Plattform bezuelte Reklammen an hire Sichresultater kloer genuch kennzeechent. Verschidden Ubidder bezuele fir eng besser Placéierung vun hire Logementer, ouni datt dat fir d'Benotzer ëmmer däitlech ze erkenne wier.
D'Enquête leeft am Kader vum europäesche Gesetz iwwer digital Servicer, dem Digital Services Act (DSA). Bei schwéiere Verstéiss riskéiert Booking.com eng Geldstrof vu bis zu sechs Prozent vum weltwäite Joresëmsaz.
D'Zuel vun de Bedruchsfäll am Zesummenhang mat Online-Reservatioune war an der leschter Zäit däitlech geklommen. Booking.com hat selwer rezent vun enger weltwäiter Hausse vu 500 Prozent geschwat. Eleng an den éischte sechs Méint vum Joer goufe méi wéi 1.000 Bedruchs-Alerte registréiert, mat engem Schued vu ronn 82.000 Euro. Dat wier bal zéngmol esou vill wéi am Joer virdrun.
D'Entreprise huet matgedeelt, datt si voll a ganz mat der EU-Kommissioun zesummeschaffe géif. D'Sécherheet vun de Clienten, d'Vertrauen an de Schutz vu perséinlechen Donnéeë wieren héich Prioritéiten.