Albanesche RegierungschefEU géing Ukrain wéinst Bäitrëtt beléien

AFP, iwwersat vun RTL
Den albanesche Regierungschef Edi Rama huet d'Virgoe vun der EU an de Bäitrëttsverhandlunge mat der Ukrain staark kritiséiert.
Albaniens Regierungschef Edi Rama hat das Vorgehen der EU in den Beitrittsverhandlungen mit der Ukraine scharf kritisiert. "Schauen Sie die Ukraine an. Was man ihr verspricht, ist eine Lüge", sagte Rama der "Welt am Sonntag".
Dem albanesche Regierungschef no belitt d'EU d'Ukrain, wat e Bäitrëtt ugeet.
© AFP/Archiv

"Kuckt Iech d'Ukrain un. Wat een hir versprécht, ass eng Ligen", sot de Rama der "Welt am Sonntag" an engem Interview, dee schonn e Freideg publizéiert gouf. "Um reguläre Bäitrëttswee, mat alle Krittären, wäert si ni opgeholl ginn. Dat weess jiddereen."

Realistesch wier et dem albanesche Ministerpresident no, "d'Ukrain elo un den Dësch ze huelen an hir duerch e leeschtungsorientéierte Prozess d'Vollmemberschaft ze garantéieren".

D'Ukrain huet zanter 2022 den offizielle Status als EU-Bäitrëttskandidatin. Konkreet Verhandlunge goufen no laangem Widderstand vun Ungarn awer eréischt am Juni opgeholl. Dobäi geet et ëm en éischten Theemeblock zu de Beräicher Justiz, Grondrechter a Finanzkontroll. EU-Bäitrëttsverhandlungen daueren normalerweis e puer Joer, deels souguer Joerzéngten.

Den däitsche Bundeskanzler Merz hat wéinst dem laange Prozess am Mee proposéiert, d'Ukrain ouni Stëmmrecht als "associéierte Member" an d'EU opzehuelen.

Och Albanien beméit sech wéi déi aner Westbalkanstaaten zanter Joren ëm e Bäitrëtt an d'EU. "D'EU ass de visionäerste politesche Projet, dee jee entworf gouf", esou de Rama weider am Interview. "Si huet bewierkt, datt ganz Generatiounen ouni Krich opgewuess sinn." Albanien kéint Europa stäerken. Aktuell wier de westleche Balkan e "geféierlecht Lach" matten an Europa. "Et gi Forcen, déi probéieren, eis ofzeschneiden", sot de Rama mat Bléck op d'Aflossnam vu Russland.

Europa misst "de Mutt vum Helmut Kohl erëmfannen", betount den albanesche Regierungschef. Den deemolege Kanzler hätt den Ostdäitschen nom Mauerfall ne gesot: "Elo hutt Dir 33 Verhandlungskapitel, dann huele mir iech op".

Back to Top
CIM LOGO