
Vun e Méindeg u gëllen an der EU verschidden Ännerungen am Verbraucher-Recht. Dem sougenannte "Greenwashing" vu Produite soll entgéintgewierkt ginn.
Stéchwierder wéi "ëmweltfrëndlech" oder "klimaneutral" si verbueden, wann net wierklech beluecht ass, dass de Produit dat och ass. E Produzent däerf beispillsweis net méi behaapten, dass säi Produit eng neutral oder positiv Wierkung op de Klima huet, just well op enger anerer Plaz Beem als Ausgläich geplanzt ginn.
Och Energie-Betriber, déi Reklamm fir sech maachen a sech als gréng verkafen, andeems se op hiren Engagement an der Wand-Energie verweisen, si concernéiert, wa se den Haaptdeel vun hirem Geschäft weider mat Pëtrol a Gas maachen.
Generell geet et drëms, sech dem Consommateur net besser ze verkafen, wéi ee selwer oder engem säi Produit wierklech ass. Dofir sinn och selwer erfonnten Qualitéitssigelen net méi erlaabt.