
D’Europaparlament setzt sech weiderhi fir den Erhalt vun den Entschiedegungsuspréch bei Vollen an, déi Retard hunn. Eng grouss Majoritéit vun den Deputéierten huet e Mëttwoch zu Stroossbuerg d’Haltung vum Parlament géint eng Hausse vun der Limitt, vun där un eng Entschiedegung fälleg ass. De Sträit ëm d’Reform geet elo an e Vermëttlungskommitee mat de 27 EU-Länner.
Bei der Reform geet et ënnert anerem dorëm, vu wéini u Passagéier e Recht op Entschiedegung hunn. Bis ewell gëllt eng Grenz vun dräi Stonne Retard. D’Héicht vun der Entschiedegung variéiert jee no Fluchstreck tëscht 250 a 600 Euro. Eng Majoritéit vun de 27 EU-Länner wëll dës Limitt eropsetzen, soudatt manner Passagéier en Usproch op Entschiedegung hätten.
D’EU-Parlament ass awer mat breeder Majoritéit dogéint. Bis ewell wollt keng vun de béide Säite vun hirer Positioun ofrécken. An den anere Sträitpunkten hu sech d’Deputéiert dogéint kompromëssbereet gewisen. Dat zum Beispill bei der Héicht vun den Entschiedegungen an de Reegele fir e gratis Handgepäck.
Bei aneren Deeler vun der Reform wier ee sech direkt eens gewiescht. Esou sollen Eltere gratis e Sëtz nieft hire Kanner reservéiere kënnen. Ausserdeem solle Passagéier no Verspéidungen automatesch e Formulaire kréien, mat deem si eng Entschiedegung ufroe kënnen.
D’Parlament an de Rot vun de 27 EU-Staate mussen elo e Vermëttlungskommitee bilden, an deem jee ee Vertrieder aus all Land souwéi 27 Deputéiert sëtzen. Op der Säit vum Parlament kéint d’Parlamentspresidentin Roberta Metsola perséinlech d’Verhandlunge féieren. De Kommitee huet aacht Wochen Zäit, e Kompromëss ze fannen. De Startdatum ass awer net rechtlech festgeluecht.
D’Deputéiert vum Parlament hoffen, scho virdru weider mam Rot ze verhandelen. “Mir zielen dorop, datt d’EU-Verkéiersministeren hir Positioun iwwerdenken, fir datt mir zesummen eng fir béid Säiten akzeptabel Léisung fannen”, huet de bulgareschen Deputéierten Andrey Novakov gesot, deen op der Säit vum Parlament d’Verhandlunge leet.
Sollt och de Vermëttlungskommitee scheiteren, wier déi ganz Reform virop vum Dësch. Aus dem Novakov senger Siicht wier “keng Eenegung besser wéi d’Positioun vum Rot”, sot hien der Noriichtenagence AFP. E Scheitere wéilt hien awer trotzdeem evitéieren.
Wie flitt, soll e kleng Handgepäck mathuele kënnen, egal bei wéi eng Fluchgesellschaft. Dofir hu sech d’Deputéiert vum EU-Parlament mat grousser Majoritéit ausgeschwat. Éier déi nei Reegelen a Kraaft triede kënnen, muss allerdéngs nach e Kompromëss mat den EU-Staate fonnt ginn.
Fluchgäscht sollen der Propos vum Parlament no an Zukunft ouni zousätzlech Käschten e perséinleche Géigestand (wéi eng Posch, e Laptop oder e Rucksak) souwéi e klengt Handgepäckstéck mat u Bord huele kënnen. D’Handgepäck soll awer net méi wéi siwe Kilo weien a mat allen dräi Kanten zesummegezielt net méi wéi 100 Zentimeter laang sinn. Bis ewell erlabe verschidden Airlines als gratis Handgepäck just ganz kleng Géigestänn, fir alles anescht muss extra bezuelt ginn.
Wat d’Héicht vun den Entschiedegungen ugeet, déi Passagéier bei Retarde kréien, gesäit d’Propos follgend Zomme vir:
Viraussetzung ass, datt d’Fluchgesellschaft Schold un der Verspéidung ass. Ausname wiere Krich, verschidde Wiederkonditiounen an Naturkatastrophen.