
Zu Bréissel ass en Donneschdeg an e Freideg EU-Hierscht-Sommet. D’Staats- a Regierungscheffe gesi sech, fir iwwert déi weider Ënnerstëtzung fir d’Ukrain ze beroden an iwwert déi schwiereg Handelsbezéiunge mat China. Weider Theme sinn déi neisten US-Sanktiounen, d'EU-Erweiderung an déi héich Energiepräisser duerch de Krich am Iran.
Et dierft héich hiergoen, well och iwwert de laangfristegen EU-Budget verhandelt gëtt. D'Positiounen leien do nach ëmmer zimmlech wäit auserneen. Ënnert anerem geet et drëms, wéi vill all EU-Land fir den Zäitraum 2028 bis 2034 an de globalen EU-Budget muss abezuelen. Aktuell Zuelen, déi um Dësch leien, fanne vill Memberstaaten ze héich, notamment Däitschland. An och bei Kierzungen, déi vun der irescher EU-Presidence proposéiert gi sinn, gëtt et kee Konsens.
Jee nodeem wäert Frankräich och e Problem ginn. D’Marine LePen huet e Mëttwoch den Owend kloer gemaach, dass, sollt si an hir Partei d’Presidentiellen d’nächst Joer gewannen, keen EU-Budget wäerten acceptéieren, deen elo nach virum Enn vum Joer duerch-gequëtscht gëtt. Bréissel sollt waarden, bis d’Walen a Frankräich, Polen a Spuenien laanscht sinn. De Rassemblement national läit an de Sondagë bei eise Noperen aktuell och weider relativ komfortabel vir.
Sujet um EU-Sommet ass ausserdeem d’Recht op Asyl. Haaptsächlech Ausnamen dovunner, beispillsweis wa ganz vill Leit mateneen ukommen, oder wa gemengt gëtt, dass hir Arrivée vun engem Drëttstaat instrumentaliséiert gëtt - sou wéi et beispillsweis bei Ceuta de Fall war.
38 ONG’en hunn e Mëttwoch, am Virfeld vum Sommet, eng gemeinsam Erklärung erausginn, an där se d’EU opruffen, fir de Schutz vum Asylrecht anzestoen, am Sënn vun den europäesche Grondrechter. Et dierft ee keng Präzedenzfäll schafen, warnen Associatioune wéi Amnesty International, Oxfam, Save The Children oder Pro Asyl.