
D'EU-Komissioun huet proposéiert, 4,2 Milliarden Euro u Moyenen aus dem Kohäsiounsfong fir Ungarn ze deblockéieren, déi wéinst Verstéiss géint d'Rechtsstaatlechkeet bis ewell nach zeréckgehale goufen. "Ungarn huet wichteg Schrëtt ënnerholl, fir d'Rechtsstaatlechkeet ze stäerken an d'finanziell Interessie vun der Unioun ze schützen", sou d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen e Mëttwoch.
Rieds geet vu 4,2 Milliarden Euro, déi fir Ungarn virgesinn, ma bis elo agefruer waren. Déi 27 Memberstaate mussen nach hiren Accord ginn.