EU-Spezialsommet zu Bréissel"Europa ass houfreg a soll zu senge Wäerter stoen"

Pierre Jans
En Donneschdeg geet et um EU-Spezialsommet zu Bréissel virun allem ëm d'Menacë vun den USA mat Stroftaxen.
EU-Spezialsommet: "Europa ass houfreg a soll zu senge Wäerter stoen"

Déi 27 Staats- a Regierungscheffen sinn en Donneschdeg den Owend op engem informellen EU-Spezialsommet beieneen. Dee Rendez-vous war d‘urgence vum Conseilspresident Antonio Costa aberuff ginn, fir op méiglech US-Stroftaxen ze reagéieren. Den US-President Donald Trump huet déi jo net decidéiert. E Revirement, deen an den Ae vu villen europäesche Leaderen duerch eng staark gemeinsam Haltung provozéiert gouf. Och an der Grönland-Fro kënne si e bëssen opootmen.

“Mir akzeptéieren Leadership, awer net Dominatioun”, seet de polneschen Donald Tusk. “Et ass eis zesumme gelongen, Respekt ze kréien, mir mussen awer virsiichteg bleiwen”, betount de franséische President Emmanuel Macron nach ëmmer mam vum Dokter verschriwwene Sonnebrëll op der Nues. An och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden seet, dass d‘Europäer keng Angscht virum US-President Trump brauchen ze hunn, wa si zesumme stinn an -halen.

De Luc Frieden um EU-Spezialsommet zu Bréissel

De Luc Frieden huet bei senger Arrivée awer och betount, dass grouss Deeler vun der US-amerikanescher Gesellschaft Frënn vun Europa sinn. Et misst een déi gutt Relatioune mam grousse Brudder fleegen. Hie géif un déi Frëndschaft gleewen. Wat d‘Trump-Politik ugeet, misst d‘EU op d‘Instrumenter kënnen zeréckgräifen, déi hir zur Verfügung stinn, wann Drock op d‘USA néideg géife ginn. Den Donald Trump huet zwar elo keng Stroftaxen op EU-Produiten decidéiert an och bei Grönland eng militäresch Interventioun ausgeschloss.

Et weess een awer zu Bréissel, dass et an e puer Deeg oder Wochen, erëm anescht ka sinn. Jo d‘EU muss mat der neier Situatioun eens ginn, an zesummestoen, dat sot och de Lëtzebuerger Premierminister bei senger Arrivée um Sommet zu Bréissel.

Bei de Gespréicher, déi deelweis och iwwer Dësch bei engem Diner gefouert solle ginn, geet et sécherlech och ëm déi annoncéiert Friddensgespréicher tëscht den USA, Russland an der Ukrain. Och de Mercosur-Handelsaccord mat de südamerikanesche Staaten, deen d‘EU-Parlament jo wëll juristesch préiwe loossen, ass e potenziellt Thema. Och wann den Accord jo provisoresch kéint a Kraaft trieden.

Back to Top
CIM LOGO