
No den annoncéierte US-Stroftaxen op Importer aus aacht Länner, dorënner Däitschland, Frankräich a Groussbritannien, am Sträit ëm Grönland wëllen d’Europäer sech net aschüchtere loossen. Wéi déi europäesch Äntwert soll ausgesinn, do dierft een aktuell näischt ausschléissen, mengt den DP-Ausseminister Xavier Bettel no der Chamberkommissioun. Et dierft een net scho kleng an d’Negociatioune goen.
Et bräicht elo eng kohärent europäesch Äntwert, esou och den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet an den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten. Änlech gesäit dat den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement. Eng Attack op een EU-Memberstaat an op den Territoire vun engem EU-Memberstaat wier, wéi bei der NATO, eng Attack op eis alleguerten a misst deementspriechend och mat alle Mëttel kënne verdeedegt ginn.
D’Angscht ass kee gudde Beroder, seet hirersäits déi gréng Deputéiert Sam Tanson. D’Amerikaner wieren e laangjärege Partner, mir wieren och op se ugewisen, notamment an der Ukrain, mee dat sollt eis awer elo net guidéieren. Et dierft een net einfach nokucken als Europäesch Unioun, wann elo Territoiren accaparéiert ginn, déi zu engem europäesche Land gehéieren.
An all deenen Iwwerleeungen dierft een och net vergiessen, datt den Donald Trump net allmächteg wier, mengt den David Wagner, Deputéierte vun déi Lénk. Hie wier net beléift a senger Bevëlkerung, e wier schwaach, esouguer bis a seng eege Partei. Dat wier och d’Ursaach, firwat en esou brutal och intern ëmgeet, well e wier amgaangen ze versichen, d’USA an en autoritäre Staat ëmzebauen, wat immens geféierlech wier.
Den Handelsaccord mat den USA schéngt elo jiddefalls emol op Äis ze leien.
Schlëmm ass dat dem ADR-Deputéierte Fred Keup no awer net. Dat wier eng gutt Saach an eng gutt Reaktioun dorobber, fir datt een nees eng Kéier op eng Linn géing kommen, wou ee mat den Amerikaner kéint schwätzen an normal verhandelen.
Mat Spannung a Suerg gëtt dem US-President Trump seng Ried e Mëttwoch um Weltwirtschaftsforum zu Davos an der Schwäiz erwaart, wou och de Premier Luc Frieden dobäi ass. En Donneschdeg kommen d’EU-Staats-a Regierungscheffen zu Bréissel zesummen.