DäitschlandExplosioun bei der Gare zu Augsburg - zwee liicht Blesséierter

AFP
Zu Augsburg a Bayern ass et e Mëttwoch de Moien an der Géigend vun der Gare zu enger Explosioun komm, woubäi zwou Persoune liicht blesséiert gi sinn. D'Gare ass antëscht komplett gespaart.
Symbolfoto.
© MATTHIAS BALK/dpa Picture-Alliance via AFP

D'Explosioun wier an der Bahnhofstraße ganz an der Géigend vun der Entrée zu der Gare geschitt, esou ee Spriecher vum Polizeipräsidium Schwaben Nord e Mëttwoch der Noriichtenagence AFP géigeniwwer.

Ee "bis ewell onbekannte" Géigestand wier explodéiert an hätt bei zwou Persounen ee "Knalltrauma" ausgeléist. D'Fënsteren a Gebaier ronderëm wieren ausserdeem gesprongen. D'Police wier mat enge sëllege Beamten op der Plaz an dee betraffenen Eck wier ofgespaart, esou de Spriecher. Ausserdeem wier den Zuchverkéier um Gleis 1 beanträchtegt. Kuerz Zäit drop huet et vun der Police geheescht, d'Gare wier elo komplett gespaart ginn an et géif keen Zuchtraffic méi ginn.

Back to Top
CIM LOGO