No Äusserunge vum argentinesche President MileiFalklandinsele "si brittesch" esou Regierung zu London

AFP, iwwersat vun RTL
No Äusserunge vum argentinesche President Javier Milei zu de Falklandinselen, huet déi brittesch Regierung ënnerstrach, datt d'Inselen am Südpazifik "brittesch sinn".
En Accueil-Schëld fir Touristen zu Stanley, der Haaptstad vun de Falklandinselen
En Accueil-Schëld fir Touristen zu Stanley, der Haaptstad vun de Falklandinselen
© MARTIN ZWICK/Biosphoto via AFP

De brittesche Verdeedegungsminister Wes Streeting huet dëst e Freideg an de sozialen Netzwierker nach emol betount. Den Inselgrupp wier brittesch "well d'Bewunner vun de Falklandinsele brittesch wëlle sinn". Dem Javier Milei seng Äusserunge wiere politesch motivéiert.

A Sondagen hu sech dem argentinesche President seng Ëmfrowäerter ee Joer virun de Presidentielle verschlechtert. En Donneschdeg huet de Milei op der Tëlee Kritik un engem brittesch-israeelesche Projet fir Ueleg-Fërderung an der Géigend vun de Falklandinsele geäussert. En huet Sanktioune géint Entreprisen annoncéiert, déi mat der Ueleg-Fërderung "op argentineschem Territoire ënner brittescher Occupatioun" a Relatioun stéingen.

Et géing Entwécklungen an der Welt ginn, "déi eisem Usproch zegutt kommen" esou de Milei weider an huet domat op d'Menacë vum US-President Donald Trump ugespillt, dem Vereenegte Kinnekräich seng Ënnerstëtzung an Zesummenhang mam Inselgrupp ze entzéien. Den Trump hat en Donneschdeg an engem Interview mam brittesche Sender GB den aus senger Siicht Manktem u brittescher Ënnerstëtzung fir den Iran-Krich kritiséiert. Hie wollt iwwerdeems net confirméieren, datt d'USA Groussbritannien an engem neie méigleche Konflikt mat Argentinien ënnerstëtze géifen.

De Javier Milei hat an der Vergaangenheet d'Hoffnung geäussert d'Falklandinselen op diplomateschem Wee ënner argentinesch Kontroll ze bréngen. Dee vun den Argentinier "Las Malvinas" genannten Archipel läit eng 400 Kilometer virun der argentinescher Küst. D'Insele sinn zanter 1833 ënner brittescher Kontroll a gi vu ronn 3.000 Leit bewunnt. Déi meescht vun hinne si brittescher Ofstamung. Argentinien beusprocht den Territoire fir sech.

Den 2. Abrëll 1982 hat déi deemoleg argentinesch Militärjunta eng Invasioun vun den Insele lancéiert, wouropshi Groussbritannien Krichsschëffer geschéckt huet. Op en Enn goung de Krich de 14. Juni no enger argentinescher Kapitulatioun. Op Säite vun Argentinien gouf et 649 Doudeger, d'Britten haten 255 Affer ze bekloen. Vun den Awunner vun de Falklandinsele waren der dräi ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO