
Eng Persoun ass ëm d'Liewe komm a méi wéi 100 Mënsche goufen e Sonndeg gerett, nodeems eng Fär tëscht den indoneeseschen Insele Java a Borneo a schlecht Wieder gerode war. D'Virgo Transport 8, mat 243 Passagéier a Membere vun der Crew u Bord, hat e Sonndeg de Moie fréi de Kontakt mat der Schëffsgesellschaft verluer.
D'Schëff war vu Surabaya am Oste vu Java fortgefuer.
"Mir kënnen Iech matdeelen, datt am Ganze bis elo 103 Passagéier evakuéiert goufen", sot de lokale Chef vun de Sich- a Rettungsekippen. Ee vun de Passagéier wier iwwerdeems ëm d'Liewe komm.
D'Rettungsekippen hu géint Welle vu bis zu 2,5 Meter misse kämpfen, fir bei d'Fär ze kommen. En Helikopter wier duerfir och bei der Rettungsaktioun am Asaz.
Déi lokal Autoritéiten hunn am Hafe vu Banjarmasin e Kommando-Zentrum ageriicht. Medezinescht Personal an Ambulanze stinn do prett, wéi en AFP-Journalist op der Plaz observéiert huet.
Dosende Familljememberen a Frënn vun de Passagéier hunn op enger wäisser Tafel nogekuckt, op där d'Nimm vun de gerette Persoune reegelméisseg aktualiséiert goufen.
Accidenter um Mier komme reegelméisseg an Indonesien vir. D'Land besteet aus méi wéi 17.000 Inselen an ass souwuel fir den alldeeglechen Transport wéi och fir den Tourismus staark op Schëffsverbindungen ugewisen.