
Virun der Küst vu Guyana ass e Samschdegowend eng Fär mat 116 Passagéier a Crewmemberen u Bord accidentéiert. Dat deelt d'Regierung vum drëttkléngste Land a Südamerika mat. 53 Persounen hätte bis ewell kënne gerett ginn, schreiwe verschidde Medien. D'Sich-a Rettungsaktioun leeft weider. Vill Detailer feelen nach. Och d'Ursaach vum Ongléck ass nach onkloer.