Schëss op sengem GolfterrainFBI geet vu versichtem Attentat op Trump aus

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass an der Géigend vum Us-republikanesche Presidentschaftskandidat geschoss ginn. Ee Verdächtege gouf gepëtzt.

Ass en zweet Attentat op den Donald Trump probéiert ginn? Déi Fro stellt sech, nodeems den US-Geheimdéngscht FBI (Federal Bureau of Investigation) matgedeelt huet, beim Virfall mat Schëss, déi e Sonndeg um Golfterrain vum Ex-President gefall sinn, géif et sech, “wéi et schéngt, ëm en Attentatsversuch handelen”.

Virdrun haten US-Medie gemellt, bei de Schëss an der Géigend vum Trump sengem Golfclub zu West Palm Beach am US-Bundesstaat Florida wier et net ëm de Presidentschaftskandidat gaangen. Déi Aschätzung huet den FBI antëscht revidéiert.

Stau no enger Stroossespär nom Virfall e Sonndeg am fréien Nomëtteg Lokalzäit.
Stau no enger Stroossespär nom Virfall e Sonndeg am fréien Nomëtteg Lokalzäit.

Den Donald Trump, dee grad am Gaange war, Golf ze spillen, gouf vum Secret Service a Sécherheet bruecht. “Et ass ëm näischt geschitt an et geet ëm gutt”, esou de Senator vu Florida, Rick Scott, op X.

E Beamten hat d’Spëtzt vum Gewier duerch en Zonk luusse gesinn, dunn ass op de Verdächtege geschoss ginn. Deen huet sech mat engem schwaarzen Auto duerch d’Bascht gemaach, konnt awer kuerz drop gepëtzt ginn.
Op der Plaz gouf e Gewier vum Typ AK-47 mat enger Spektiv drop séchergestallt. Beim Zonk goufen nieft dem Gewier och zwee Rucksäck an eng GoPro-Kamera fonnt.

Beim Verdächtege soll et sech amerikanesche Medien no ëm een 58 Joer ale Mann handelen. Hie wier virun allem doduerch opgefall, datt e sech dofir ausgeschwat huet, d’Ukrain géint Russland ze ënnerstëtzen. Den Trump gesäit dat par Konter méi kritesch.

Op der Pressekonferenz nom Virfall: de Sheriff vu West Palm Beach, Ric Bradshaw.
Op der Pressekonferenz nom Virfall: de Sheriff vu West Palm Beach, Ric Bradshaw.

De Sheriff vu West Palm Beach, Ric Bradshaw, sot, d’Schëss wieren e Sonndeg de Mëtteg géint 1 Auer Lokalzäit gefall. Nach net gewosst ass, ob dee Verdächtegen och op den Trump oder op d’Sécherheetsbeamte geschoss huet. Et war tëscht 300 a 500 Yards (274 resp. 457 Meter) un de fréiere President erukomm.

Fotoe vun de Rucksäck, déi um Zonk vum Golfclub fonnt goufen.
Fotoe vun de Rucksäck, déi um Zonk vum Golfclub fonnt goufen.

Den US-President Biden an d’Vizepresidentin Harris, déi jo géint den Trump untrëtt, goufen iwwer de Virfall informéiert. “Gewalt huet keng Plaz an Amerika”, huet d’Kamala Harris doropshin getwittert.

Den 13. Juli hat et schonn en Attentat op den Donald Trump ginn. Bei engem Walkampfoptrëtt a Pennsylvania war op e geschoss ginn, dobäi hat eng Kugel säin Ouer gesträift an am Public war eng Persoun ëm d’Liewe komm, zwou goufen der blesséiert.

Mat Blutt am Gesiicht: Den Donald Trump nom Attentatsversuch am Juli.
Mat Blutt am Gesiicht: Den Donald Trump nom Attentatsversuch am Juli.

Back to Top
CIM LOGO