Satellitte-KommunikatiounssystemFeier a Starlink-Statioun a Polen war "Sabotage", esou Minister

AFP, iwwersat vun RTL
D'Feier an enger Anlag vum Satellitte-Kommunikatiounssystem "Starlink" a Polen ass der polnescher Regierung no duerch "Sabotage" ausgeléist ginn.
De polneschen Digitalminister Krzysztof Gawkowski.
De polneschen Digitalminister Krzysztof Gawkowski.
© BEATA ZAWRZEL/NurPhoto via AFP

D'Feier hätt "den Internet-Zougang fir verschidden Institutioune gestéiert, dorënner och fir déi ukrainesch Arméi", esou de polneschen Digitalminister Krzysztof Gawkowski en Donneschdeg géigeniwwer der Chaîne TVP Info. D'Feier war e Mëttwoch den Owend an der Anlag an Zentralpolen ausgebrach, ma d'Statioun war deemno weider asazbereet.

"Dës Sabotage war express esou konzipéiert, fir d'Statioun ausser Betrib ze setzen", esou de Gawkowski, dee preziséiert huet: "Et gëtt vill Hiweiser dorop, datt mir et mat engem Deel vun der nächster Phas vun der hybrider Krichsféierung ze dinn hunn." Den NATO- an EU-Member Polen hat Russland zanter dem Ufank vum Krich géint d'Ukrain schonn e puermol "Sabotage" virgeheit.

Änlech Virwërf gouf et rezent och an Däitschland, wou russesch Drone fir ee geplangte Sprengstoff-Ugrëff op de Fluchhafe Leipzig/Halle verantwortlech gemaach goufen.

D'Starlink-Statioun am Besëtz vum staatlechen Telekommunikatiounsbetrib Exatel gëtt dem polnesche Minister no ënnert anerem dofir genotzt, den Internet-Dateverkéier duerch Polen an och d'Ukrain ze leeden. Ausserdeem gëtt se vun de SpaceX-Systemer genotzt, déi iwwer Starlink-Terminals eng Internetverbindung offréieren.

Starlink gëtt vum Raumfaart-Betrib SpaceX vum Tech-Multimilliardär Elon Musk bedriwwen a spillt an der Kommunikatioun vun den ukraineschen Truppen eng wichteg Roll. Och déi russesch Arméi hat Starlink-Terminals genotzt, zum Beispill fir Dronenugrëff. SpaceX hat allerdéngs am Februar Mesüren ergraff, fir déi net autoriséiert Notzung vu Russland ze ënnerbannen. Experten no hunn d'Kommunikatiounsproblemer, déi doraus entstane sinn, dozou bäigedroen, datt déi russesch Arméi un der Front geschwächt gouf.

Back to Top
CIM LOGO