FrankräichFeier am Departement Var offiziell "ënner Kontroll"

Claudia Kollwelter
Ronn 450 Pompjeeën si weiderhin am Asaz.
A firefighter sprays foam on burnt trees and plants in the forest of Le Grand Crohot, in Lege-Cap-Ferret, southwestern France on August 1, 2026.
A firefighter sprays foam on burnt trees and plants in the forest of Le Grand Crohot, in Lege-Cap-Ferret, southwestern France on August 1, 2026.
© AFP

A Südfrankräich hunn d'Pompjeeën no 18 Deeg d'Ausbreedung vun de Bëschbränn konnte stoppen. D'Feier am Departement Var wier elo offiziell ënner Kontroll, heescht et vun den Autoritéiten. Bis d'Feier allerdéngs komplett geläscht wier, dat kéint nach puer Deeg daueren. Ronn 450 Pompjeeën si weiderhin am Asaz an d'Bëscher géifen och weider iwwerwaacht ginn.

D'Feier war den 21. Juli ausgebrach. Ronn 5.000 Leit hunn hir Haiser misste verloossen an dausende Pompjeeën aus ganz Frankräich, genee wéi aus aneren europäesch Länner ware bei de Läschaarbechten bedeelegt, dorënner och Lëtzebuerger.

Back to Top
CIM LOGO