A MexikoFënnef Doudeger duerch Hurrikan "Simon" a Stuerm "Rachel"

AFP
Bei schroen Iwwerschwemmungen duerch d'Stierm "Simon" a "Rachel" sinn un der mexikanescher Pazifikküst op d'mannst fënnef Mënschen ëm d'Liewe komm.
Bei schweren Überschwemmungen durch die Wirbelstürme „Simon“ und „Rachel“ sind an der mexikanischen Pazifikküste mindestens fünf Menschen ums Leben gekommen.
Duerch den Tropestuerm "Rachel" sinn ënner anerem véier Membere vun enger Famill gestuerwen.
© AFP

Duerch den Tropestuerm "Rachel" si véier Membere vun enger Famill gestuerwen, dorënner zwee Kanner, wéi de Parquet vum Bundesstaat Baja California e Méindeg matgedeelt huet. Fënnef Leit ginn nach ëmmer vermësst. 32 Persoune konnte mat Helikoptere gerett ginn.

Virdru war scho bekannt ginn, datt een 71 Joer ale Mann an der Stad Chilpancingo ëmkoum, wou eng Mauer an de Koup gefall war. Dat huet Gouverneurin vun der südlecher Regioun Guerrero, d'Evelyn Salgadom, confirméiert.

Den Hurrikan "Simon" war net op d'Festland getraff a beweegt sech vun der Küst fort. De Stuerm kéint, Prognose vum US-Hurrikanzentrum NHC no, e Mëttwoch den Owend awer op déi mexikanesch Küst treffen. Dat als Hurrikan vun der Kategorie 1, wéi déi mexikanesch Katastropheschutz-Coordinatrice Laura Velázquez bei enger Pressekonferenz matgedeelt huet.

Wéinst dem Klimaphenomeen El Niño kënnt et am Pazifik an dëser Saison zu besonnesch villen a schroen Hurrikaner. Am Atlantik ass d'Saison duerch de Wiederphenomeen dogéint verhältnisméisseg roueg.

Back to Top
CIM LOGO