
Dobäi soll et eng Rei Doudeger ginn hunn. Wärend d'AFP vun enger nach onbekannter Zuel un Doudesaffer schwätzt, mellen däitsch Medie mat Verweis op e Policespriecher fënnef Doudeger. Och e Verdächtegen ass entretemps festgeholl ginn. D'Bierger goufen opgefuerdert, de Beräich fir den Ament ze evitéieren oder ze verloossen. Weider Detailer zur Dot ginn et den Ament nach keng.