GroussbritannienFënnef Festname wéinst Verdacht op Virbereedung vun "Terror-Akt"

RTL mat AFP
No bei enger Militärbase, déi och vun den USA genotzt gëtt, si fënnef Männer festgeholl ginn, déi am Verdacht stinn, en Uschlag preparéiert ze hunn.
Wéi et schéngt, wollt 5 Männer déi brittesch Militärbase Fairford ugräifen.
Wéi et schéngt, wollt 5 Männer déi brittesch Militärbase Fairford ugräifen.
© JUSTIN TALLIS/AFP

Bei engem Virfall an der Géigend vun enger Airbase, déi och vun der US-Arméi genotzt gëtt, huet déi brittesch Police fënnef Männer festgeholl. Si stinn am Verdacht, en "Terror-Akt" preparéiert ze hunn. Déi brittesch Anti-Terror-Police géing d'Ermëttlunge ronderëm den Incident am südwestenglesche Fairford leeden, sou d'Police an engem Communiqué.

Arméiert Polizisten haten e Sonndeg déi Verdächteg festgeholl, nodeems via Noutruff dräi verdächteg Gefierer gemellt gi waren, déi a Richtung Stëtzpunkt ënnerwee waren. Dräi Liwwerween hätten d'Strooss blockéiert gehat an e Grupp maskéiert Männer wier ze gesi gewiescht, sou Aenzeien op der Plaz der Press géintiwwer.

No de Festname wéinst presuméiertem Verstouss géint d'Sprengstoffgesetz hate brittesch Medie Loftbiller iwwerdroen, op deenen ze gesi war, wéi e Spezial-Roboter, fir Bommen z'entschäerfen, sech op d'Camionnetten zoubeweegt hat. D'Géigend war dofir ofgespaart a verschidden Awunner zäitweis relogéiert ginn.

D'Wäisst Haus hat duerno matgedeelt, déi concernéiert Männer wiere scho länger observéiert ginn an d'Zesummenaarbecht tëscht britteschen an US-amerikaneschen Autoritéiten hätt ganz gutt funktionéiert. Am Mäerz hat den deemolege Premier Keir Starmer d'Autorisatioun ginn, fir "defensiv" US-Aktioune géint iranesch Rakéitestellunge vu brittesche Militärbasen aus. Eng dovun ass Fairford.

Back to Top
CIM LOGO