No Hausverbuet fir CNNFënnef grouss US-Sendere limitéiere Meldungen iwwer Trump

AFP, iwwersat vun RTL
No den Hausverbueter fir den US-Sender CNN a weider Medien am Wäissen Haus limitéiere véier weider grouss Senderen hir Meldungen iwwer de President Trump.
Nieft CNN kruten och de Sender MS NOW an d'Plattform Politico den Accès an d'Wäisst Haus verbueden.
© OLIVER CONTRERAS/AFP

D'Senderen ABC, CBS, Fox News an NBC hunn e Méindeg zesumme mat CNN erkläert, datt si virop net méi iwwer Optrëtter vum Donald Trump berichte wäerten. D'Sendere gehéieren zu engem sougenannte Pool, deen an der Rotatioun zesumme mam Trump zu Entrevuë reest an och europäesch Medie mat Biller versuergt.

"Keng Regierung dierf eng Medienentreprise aschränken, nëmme well si där hir Berichterstattung refuséiert", hunn déi fënnef Senderen erkläert. Den Trump hat e Freideg nieft CNN och dem Sender MS NOW an der Plattform Politico den Accès an d'Wäisst Haus verbueden. "Aner Medien, déi Falschinformatioune verbreeden, wäerten nokommen", esou den Trump op Truth Social. E Grond fir d'Verbueter huet hien net direkt genannt, allerdéngs sollte Medien doru gehënnert ginn, "Erfindungen a Ligen ze verbreeden". Och, wéi laang d'Journalisten net méi an d'Wäisst Haus dierfen, ass net genee gewosst. Am Oval Office hat hien d'Zeitungen "New York Times" a "Washington Post" als weider Beispiller fir "Fake News" genannt, ouni hinnen en Hausverbuet auszeschwätzen.

Medie wiere "Gefor fir national Sécherheet"

Scho virun der Erklärung vun de groussen US-Sendere war annoncéiert ginn, datt déi dräi Medien, déi elo ausgeschloss goufen, géint d'Hausverbueter kloe géingen. "Mir hunn d'Regierung de Mëtteg doriwwer informéiert, datt mir haut Kloen erareeche wäerten, fir eis Rechter aus dem éischte Verfassungszousaz ze schützen", hunn déi dräi Medien zesummen op X erkläert. Mat der Klo soll och de Grondsaz verdeedegt ginn, "datt d'Regierung net decidéiert, wat d'Press mellt oder publizéiert".

D'Wäisst Haus hätt d'Akkreditéierunge vun de Journalisten "ouni Virwarnung oder Prozedur" entzunn, well et "Kritik géint eis Berichterstattung hat". Géing deem net widdersprach ginn, "menacéiert dat d'Pressefräiheet an d'Recht vun der Ëffentlechkeet op en onofhängege Journalismus fräi vu staatlechem Afloss", esou déi dräi Medien nach.

No der Annonce vun der Klo huet och de President Trump nach emol nogeluecht. An engem Post op Truth Social schreift hien, datt dat Wäisst Haus net géing déi fräi Press géing virgoen, déi him um Häerze géing leien. Mä géint "FAKE NEWS", eppes, dat "wéi Kriibs" an den USA wuesse géing. Hien huet souguer vun enger Gefor fir déi national Sécherheet geschwat. Esou eng Argumentatioun nennt den Trump ëmmer nees, wann hie rechtlech ëmstridden Decisiounen hëlt.

E Sonndeg hat den Trump dobäi nach e Bild gepost, op deem dräi Poubellestute mat den Nimm vun de Medien ze gesi sinn. D'Tute sti virum Wäissen Haus.

Aschüchterungsversuch vum Trump

Kritiker gesinn an de Verbueter en Aschüchterungsversuch an eng Attack op d'Pressefräiheet. De Weekend goufen d'Journaliste vun den dräi Medie scho beim Zoutrëtt an d'Wäisst Haus gehënnert. Dem Verband vun de White-House-Korrespondenten no verstéisst d'Decisioun géint d'Verfassung. Den éischten Zousazartikel vun der US-Verfassung garantéiert ënnert anerem d'Meenungs-, d'Ried- souwéi d'Pressefräiheet an ass en zentrale Pilier vun der amerikanescher Demokratie.

A senger zweeter Amtszäit geet den Trump ëmmer méi haart géint Medie vir, déi net esou iwwer hie berichten, wéi den US-President dat gären hätt. Schonn an der Vergaangenheet hat hien ëmmer nees probéiert, verschidde Medien oder Journalisten vu Pressekonferenzen auszeschléissen. Zejoert hat hien d'Noriichtenagence AP aus dem Krees vun de Journalisten ausgeschloss, well dës refuséiert huet, de Golf vu Mexiko als Golf vun Amerika ze bezeechen. Donieft ginn d'Journalisten ëmmer nees vun him beleidegt, wann d'Froen him net gefalen.

Back to Top
CIM LOGO