SchwäizFënnef Vermësster an 19 Blesséierter bei zwee Bränn an Appartementshaiser

AFP, iwwersat vun RTL
An der Schwäiz goufe bei zwee Bränn an Appartementshaiser 19 Leit blesséiert. No engem vun de Bränn ginn nach fënnef Leit vermësst.
Foto vum Brand an engem Appartementshaus zu Thusis an der Schwäiz.
Foto vum Brand an engem Appartementshaus zu Thusis an der Schwäiz.
© Kantonspolizei Graubünden/AFP

An der Stad Thusis ass an der Nuecht op e Freideg en Haus mat Wunnengen an engem Restaurant dran ausgebrannt. Aacht Leit goufe beim Brand blesséiert, fënnef Leit ginn der Police no nach vermësst. Zu Schaffhausen un der Grenz mat Däitschland goufe bei engem weidere Wunnengsbrand eelef Leit verwonnt.

Fënnef Vermësster no Brand zu Thusis

Wéi et vun der Police vum Kanton Graubünden heescht, hätten zu Thusis 14 Leit d'Gebai kënne verloossen. Ënner hinne sinn aacht Blesséierter, dorënner zwee schwéier.

Éischten Erkenntnisser no war d'Feier op der zweeter Etage vum Gebai ausgebrach, d'Pompjeeë goufe kuerz no Mëtternuecht alarméiert. Well d'Trapenhaus an de Koup gefall war, huet den Daach misse mat engem Kran opgemaach ginn. D'Läschaarbechte waren och e Freideg de Moien nach amgaangen, bal 100 Pompjeeë waren am Asaz.

Déi Blesséiert goufen der Police no nach op der Plaz behandelt, éier si a Spideeler zu Chur, Thusis, Ilanz an Zürech bruecht goufen. Fënnef Leit ginn awer nach vermësst, wéi d'Police erkläert. Op enger Foto vun der Police ass ze gesinn, wéi aus dem zweete Stack grouss Flamen erauskommen an eng Dampwollek iwwer dem Gebai ass.

Brand a Kichen zu Schaffhausen

Zu Schaffhausen un der däitscher Grenz war en Donneschdeg den Owend géint 22:30 Auer e Brand an enger Wunneng ausgebrach. Wéi d'Police matgedeelt huet, stoung d'Wunneng komplett a Brand, wéi d'Secouristen op der Plaz ukoumen. D'Pompjeeë konnte verhënneren, datt d'Feier op weider Appartementer iwwergräift.

Eelef Mënsche goufen zu Schaffhausen beim Brand blesséiert, néng vun hinnen hu missen an d'Spidol. Ënnert de Blesséierten ass och eng Polizistin. Éischten Erkenntnisser no war de Brand an der Kiche vun der betraffener Wunneng ausgebrach. "Déi genee Brandursaach gëtt ermëttelt", esou d'Police nach.

Back to Top
CIM LOGO