Parquet vu Paräis confirméiertFënnef weider Persounen a Relatioun mam Louvre-Abroch festgeholl ginn

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun den Ermëttlungen zum Abroch an de Louvre goufen nach fënnef weider Persoune festgeholl, dorënner een Haaptverdächtegen.
Louvre-Abroch: Procureurin confirméiert 5 weider Festnamen
Am Gespréich mat eise Kolleege vun RTL France huet d’Paräisser Procureurin Laure Beccuau d’Festnam vu fënnef weidere Verdächtege confirméiert.

Dat huet d’Paräisser Procureurin Laure Beccuau en Donneschdeg bekannt ginn. Am Gespréich mat eise Kolleege vun RTL France sot si: “Ee vun hinne war tatsächlech ee vun den Ziler vun den Enquêteuren, mir haten en am Viséier”.

Vun de geklaute Bijouen am geschate Wäert vun 88 Milliounen Euro feelt bis ewell weider all Spuer. Schonn e Samschdeg den Owend waren zwee Verdächteg verhaft ginn, ee vun hinne wollt sech an Algerien ofsetzen.

Back to Top
CIM LOGO