Héich-Venn-Feier huet "gravéierend Konsequenze fir d'Vegetatioun"Fierschter René Dahmen: "Ee vun eisen dräi liewege Moorgebidder ass schonn zerstéiert"

Tim Morizet
Christophe Hochard
De Groussbrand am Héije-Venn-Naturschutzgebitt an der Belsch hält d'Regioun den Ament an Otem. Besonnesch problematesch ass déi ëstleche Brandfront, déi sech lues a Richtung Gemengebësch vu Bütgenbach beweegt. Am RTL-Interview ënnerscheet de René Dahmen, Fierschter am Naturschutzgebitt, dëse Brand däitlech vun de Vegetatiounsbränn, déi een am Fréijoer gewinnt ass.

Normalerweis géif just dat dréchent Gras verbrennen, wärend de fiichte Buedem d'Feier séier stoppt. Dëst Joer wier d'Situatioun awer eng ganz aner: "De Buedem ass komplett ausgedréchent. D'Feier dréngt an de Buedem an déif an d'Wuerzelen an. Genee dat mécht d'Läscharbechten esou schwéier an huet och vill méi gravéierend Konsequenze fir d'Vegetatioun", erkläert de René Dahmen.

Besonnesch Suerge mécht de Schued un de wäertvolle Moorgebidder. Am Héije Venn ginn et nach dräi sougenannt aktiv Héichmooren, déi sech nach natierlech weiderentwéckelen. Ee vun dëse sensibele Gebidder ass schonn e Freideg/Samschdeg duerch d'Flamen zerstéiert ginn. Beim zweeten ass d'Feier mëttlerweil ukomm an de Fierschter fäert, datt och dëse komplett verbrenne wäert. D'Prioritéit vun de Pompjeeën ass et elo, d'Feier op senger baussechter Grenz anzedämmen an ze verhënneren, datt et sech weider ausbreet. Dobäi setzt een och op d'Ënnerstëtzung vu verschiddenen Helikopteren an zousätzlech Läschfligeren. De Wand bleift awer en onberechenbare Faktor, deen d'Situatioun zu all Moment nees verschäerfe kann.

Och wann et géif geléngen, d'Feier ënner Kontroll ze bréngen, wier den Asaz nach laang net eriwwer. Well d'Feier deelweis déif an der Torfschicht weidergloust, kéinten nach iwwert déi Woche verdeelt ëmmer nees nei Brandnäschter entstoen.
De Fierschter selwer an seng Ekippen ënnerstëtzen d'Pompjeeë virun allem mat hiren Terrainskenntnisser a beroden, wéi déi schwéier zougänglech Gebidder am beschte kënnen erreecht ginn.

All d'Entwécklungen zum Feier am Héije Venn kënnt Dir an eisem Liveticker noliesen:

Back to Top
CIM LOGO