
Fir déi offiziell Ouverture gëtt de Film "Ink" gewisen, ee Film vum britteschen "Trainspotting"- a "Slumdog Millionaire"-Regisseur Danny Boyle iwwert de Medien-Tycoon Rupert Murdoch. Am Concours ëm de Gëllene Léif , deen den 12. September um Ofschloss vum Festival vergi gëtt, lafen 20 Filmer. A just engem huet eng Fra d'Regie gehat.
De Jury-Virsëtz huet d'US-Schauspillerin a Regisseurin Maggie Gyllenhaal. Och aner Stars, wéi zum Beispill de brittesche Schaupiller Robert Pattinson wäerten zu Venedeg mat derbäi sinn. Den US-Schauspiller George Clooney, dee schonn dacks zu Venedeg gastéiert huet, a seng Kolleegin Ellen Burstyn ginn dëst Joer fir hiert Liewenswierk ausgezeechent.