
Finnland geet dovun aus, datt e russesche Fliger en Donneschdeg am Nomëtteg de finnesche Loftraum iwwer dem westlechen Deel vum finnesche Mierbusen verletzt huet. "All presuméiert Andréngen" an den eegene Loftraum gëtt eescht geholl, dowéinst gouf och eng Enquête ageleet, esou de finnesche Verdeedegungsministère. Deemno ermëttelt elo de Grenzschutz.
A Finnland hat et et schonn e puer Mol änlech Virfäll ginn. Am Mee an am Juni solle presuméiert russesch Militärfliger an de finnesche Loftraum agedronge sinn, eemol virun der Hallefinsel Porkkala an eemol ëstlech vun der Haaptstad Helsiniki. An der Suitte hat Helsinki de russesche Vertrieder aberuff.
Als Reaktioun op de russeschen Amarsch an d'Ukrain hat Finnland seng joerzéngtelaang Neutralitéit opgaangen an ass am Abrëll 2023 der NATO bäigetrueden.