
Dat hunn den Inneminister Christophe Castaner an den Ausseminister Jean-Yves Le Drian e Freideg annoncéiert. D’Ouverture géife jee no Gesondheetslag an de verschiddenen Drëttlänner variéieren.
Och déi duerch d’Corona-Pandemie agefouert Grenzkontrollen un den europäesche Bannegrenze géifen e Sonndeg ëm Hallefnuecht opgehuewe ginn. Vun do u kënnen d’Bierger aus sämtlechen EU-Staaten an dem Schengenraum nees a Frankräich reesen. Dat gëllt och fir Island, Liechtenstein, Norwegen an d’Schwäiz. Ausname si weiderhi fir Spuenien a Groussbritannien.
D’EU-Kommissioun hat jo eng Recommandatioun erausginn, d’EU-Baussegrenze vum 1. Juli un nees opzemaachen.
