BommendroungFliger aus Israel muss a Bulgarien noutlanden

Céline Eischen
D'Maschinn hat en Sonnedgowend en Noutsignal ofginn a gouf doropshin eskortéiert.
No der sécherer Landung zu Sofia wier ongeféier eng hallef Stonn no der Menace mat der Duerchsich vum Airbus A320 ugefaange ginn.
© Graham Hughes / NurPhoto via AFP

Wéinst enger Bommendroung huet ee Vol vun der israeelescher Stad Tel Aviv op Wien missten an der bulgarescher Haaptstad Sofia noutlanden. D'Maschinn vun der éisträichescher Austrian Airlines mat 51 Passagéier a 6 Crew-Memberen u Bord hat géint 10 op 9 e Sonndegowend en Noutsignal ofginn a gouf doropshin am bulgaresche Loftraum vun engem Militärfliger eskortéiert.

D'Maschinn konnt sécher landen an d'Passagéier sinn a Sécherheet bruecht ginn, et gouf kee blesséiert. De Fliger gouf duerchsicht an eng Enquête gouf opgemaach.

Nach Enn September war op enger Flydubai Maschinn vun Dubai op Tel Aviv e Flugkapitän vu sengem Kopilot mat enger Aaxt ugegraff ginn. Dëse wollt e Selbstmordattentat op de Flughafen Tel Aviv ausüben. Hie gouf wärend dem Vol vun de Passagéier iwwerwältegt.

Back to Top
CIM LOGO