
12 Joer nodeems d'Passagéiermaschinn vun der spuenescher Fluchgesellschaft Swiftair am Mali erofgefall ass, gouf dës elo zu der Héchststrof vun 225.000 Euro verurteelt. E Geriicht zu Paräis huet d'Gesellschaft a Méindeg wéinst "Homicide involontaire" schëlleg gesprach. Wéi d'Riichter zu Paräis festgestallt hunn, wiere wichteg Elementer bei der Ausbildung a beim Training vun der Besatzung deemools ausgelooss ginn, wat zum Accident am Juli 2014 bäigedroen hätt. Déi 116 Persounen, déi deemools u Bord vun der Maschinn waren, si beim Accident gestuerwen.
Swiftair hat d'Maschinn vum Typ McDonnel Douglas MD-83 mam Equipage vu sechs Persounen deemools un d'Fluchgesellschaft Air Algérie verlount. De 24. Juli 2014 war d'Maschinn dunn an e Gebitt mat Donnerwiedere geroden. Trotzdeem huet d'Crew am Cockpit den Anti-Veräisungssystem net aktivéiert, sou dass sech an den Apparater fir den Drock ze moossen, geféierlech Äiskristaller forméiert haten. D'Maschinn huet doduerch automatesch d'Geschwindegkeet ugepasst an ass automatesch méi lues ginn, ouni dass d'Piloten awer richteg dorobber reagéiert hunn. D'Konsequenze waren dramatesch, kuerz drop ass d'Maschinn nämlech erofgefall.
Den Ermëttlungen no hat de Kommandant vum Fliger den obligatoreschen "Opfrëschungstraining" iwwert d'Theema Anti-Veräisungssystem net gemaach. Hien a seng Kopilotin wieren dobäi och nach "Saisonspilote" gewiescht an eréischt kuerz virdrun aus enger Paus erëmkomm, wärend där se e puer Méint net mat engem Fliger geflu waren.