UN-Agence fir zivil AviatiounFluchgesellschafte solle Sécherheet vu Vollen assuréieren

RTL mat AFP
No Remarke vum ukrainesche President, datt de russesche Loftraum net méi sécher wier, kënnt den Opruff vun der ICAO.
Déi zivil Aviatioun soll besonnesch iwwerwaacht ginn
Déi zivil Aviatioun soll besonnesch iwwerwaacht ginn
© MIKE CAMPBELL/NurPhoto via AFP

Déi International Organisatioun fir zivil Loftfaart vun de Vereenten Natiounen ICAO huet hir Memberen dozou opgeruff, d'Sécherheet op alle Vollen z'assuréieren an ze protegéieren. Den Appell kënnt an der Suite vum Wolodymyr Selenskyj senger Annonce, dass de russesche Loftraum "net méi sécher" wier.

Laangstreckerakéiten, Dronen, spezialiséiert Loftofwier a Systemer fir Navigatiounssatellitten ze stéiere géifen zu den Technologië gehéieren, déi di zivil Loftfaart a Gefor kéinte bréngen, sou d'ICAO weider, ouni awer e spezifescht Land ze nennen.

Back to Top
CIM LOGO