Vulkanausbroch an IndonesienFluchhafe bei Jakarta wéinst Äschewollek zougemaach

Claude Zeimetz
Eng 200 Flich hu musse gestrach ginn.
Wéinst der Äschewollek huet den internationale Fluchhafe bei Jakarta mussen zougemaach ginn.
Wéinst der Äschewollek huet den internationale Fluchhafe bei Jakarta mussen zougemaach ginn.
© YT HARYONO/AFP

An Indonesien huet de wichtegsten internationale Fluchhafen an der Géigend vun der Haaptstad Jakarta wéinst enger Äschewollek no engem Vulkanausbroch missen zougemaach ginn. Eng 200 Flich goufe gestrach. Iwwer 22.000 Passagéier hunn deemno misse Gedold hunn. De Vulkan Krakatoa, deen tëscht den Inselen Java a Sumatra läit, hat e Samschdeg ugefaangen Lava ze späizen. De Kaméidi war nach 700 Kilometer méi wäit ze héieren, heescht et.

Um Sonndeg goufen zwee weider Ausbréch registréiert. 2018 hat dee Vulkan en Tsunami ausgeléist. Méi wéi 400 Mënschen waren an der Flutwell gestuerwen.

Back to Top
CIM LOGO