
Schonn am August hat de Fluchhafe wéinst engem Ausbroch vum ronn 40 Kilometer ewech geleeëne Vulkan eng Woch laang misse zoumaachen.
Catania ass ee vun de wichtegste Fluchhäfe vu Sizilien. 2024 sinn do ronn 12 Millioune Passagéier gezielt ginn.
An Italien gëtt et ëmmer méi Fuerderungen, de Fluchhafen zu Catania zouzemaachen an aner Fluchhäfe vun der Insel auszebauen.
Den Ätna ass mat 3.324 Meter den héchsten aktive Vulkan an Europa a brécht zanter mindestens 500.000 Joer reegelméisseg aus.