Verkéier nees opgehollEntwarnung no Drone-Meldung um Fluchhafen zu München

RTL Lëtzebuerg
Nodeems eng Dron am Loftraum gemellt gouf war de Fluchhafen zu München e Samschdeg de Moie komplett zou – de Verkéier gouf awer eng Stonn drop nees opgeholl.
Den Tower beim Terminal 1 um Fluchhafen zu München.
Den Tower beim Terminal 1 um Fluchhafen zu München.
© PETER KNEFFEL/dpa Picture-Alliance via AFP

De Fluchhafen zu München gouf e Samschdeg de Moie fir Ronn eng Stonn komplett gespaart. Piloten haten eng méiglech Dron am Loftraum gemellt, wouropshin de Verkéier um Fluchhafen agestallt gouf.

Ronn eng Stonn drop gouf et Entwarnung a Spriecher vum Fluchhafen hu confirméiert, datt de Verkéier nees opgeholl gouf. D'Police géing no enger Ënnersichung keng Gefor méi gesinn.

Back to Top
CIM LOGO