
An Europa kréien d'Fluchpassagéier geschwë méi Rechter. No jorelaangen, ganz zéie Verhandlungen si sech d'EU-Staaten an d'Europaparlament eens ginn. Virop wäerten d'Präisser vun den Tickete méi iwwersiichtlech ginn. Famille kënne och gratis Plazen nieftenee buchen. Dernieft ginn et nei Reegele bei Prozedure fir Entschiedegungen.
D'Plénière am Europaparlament muss elo nach gréng Luucht ginn.