
Déi franséisch an déi brittesch Arméi hu fir déi éischte Kéier an enger gemeinsamer Übung d'Simulatioun vun engem Atomugrëff ausgefouert. D'Verdeedegungsministere vu béide Länner hunn e Freideg erkläert, allebéid un der Operatioun mam Numm "Rummy" participéiert ze hunn, un där brittesch Typhoon- a franséische Rafale-Fligere bedeelegt waren.
D'Maschinne wiere vun der Militärbase Saint-Dizier am Nordoste vu Frankräich gestart an hätte keng echt Atombommen u Bord gehat. D'Übung wier ënnert den entspriechende Sécherheetsvirschrëften duerchgefouert ginn. Zil war d'Verbesserung vun der Zesummenaarbecht tëscht den zwou eenzegen europäeschen Natiounen, déi am Besëtz vun nukleare Waffe sinn.
Dem brittesche Verdeedegungsminister Wes Streeting no hätt den Test "d'Déift vun eiser Partnerschaft, d'Glafwierdegkeet vun eiser Ofschreckung an eis Entschlossenheet, bei neie Geforen zesummen ze stoen" gewisen. Déi franséisch Verdeedegungsministesch Cathérine Vautrin huet erkläert, déi atomar Zesummenaarbecht mat Groussbritannien géing sech "weider verdéiwen".
London a Paräis hate sech am Juli zejoert op déi sougenannten Northwood-Declaratioun gëeenegt. Doran ass festgehalen, dass all Land selwer an onofhängeg iwwer seng Atomwaffen decidéiert. Nuklear Ofschreckung sollt an Zukunft awer "koordinéiert ginn". Och déi däitsch Bundeswehr soll nach dëst Joer op konventionell Manéier un enger gemeinsamer Atom-Übung mat Frankräich deelhuelen. En offiziellen Datum gëtt et dofir nach net.