Gutt Saison 2025/2026Frankräich no Joren nees op Plaz 1 vun de Schigebidder

AFP, iwwersat vun RTL
No 11 Joer steet Frankräich nees un der Spëtzt vun de meeschtbesichte Schigebidder.
Frankreich hat sich nach elf Jahren erstmals wieder den Spitzenplatz der meistbesuchten Skidestinationen erobert. Die französischen Skiorte verzeichneten in der Saison 2025/2026 einen Anstieg der Besucherzahlen um 2,4 Prozent.
No 11 Joer steet Frankräich nees un der Spëtzt vun de meeschtbesichte Schigebidder.
© AFP/Archiv

Frankräich huet et no 11 Joer fir d'éischt Kéier nees un d'Spëtzt vun de meeschtbesichte Schidestinatioune gepackt. Déi franséisch Schigebidder hunn an der Saison 2025/2026 eng Hausse vun 2,4 Prozent bei de Visiteuren op gutt 56 Millioune Schifuererdeeg registréiert. Dat mellt de Verband vun de Pisten- a Seelbunn-Bedreiwer e Mëttwoch. Domat läit Frankräich virun Éisträich mat knapp 54 Milliounen an den USA mat knapp 53 Millioune Schifuererdeeg.

Déi dräi Länner sinn zanter laangem un der Spëtzt. Am Wanter 2024/2025 haten d'USA déi éischt Plaz erreecht. Frankräich war fir d'lescht 2014/2015 op Plaz 1.

Obwuel et duerch de Klimawandel weltwäit ëmmer manner Schnéi gëtt, hu virun allem déi franséisch Alpen an d'Pyrenäen eng gutt Saison registréiert. Am Ganze wier et déi drëttbescht Saison, déi franséisch Schigebidder jee registréiert hätten, betount de Verband. Fréie Schnéifall Enn November hätte gutt Konditioune fir d'Chrëschtvakanz geschaf an d'Saison hat sech bis an d'Fréijoersvakanzen era verlängere gelooss.

Tatsächlech hu virun allem déi méi héich geleeë Schigebidder Visiteuren ugezunn. A Gebidder wéi dem Zentralmassiv, am Jura oder an de Vogesen war dacks net genuch Schnéi do. An deene Gebidder sinn d'Suitte vum Klimawandel schonn däitlech ze spieren. De franséische Rechnungshaff hat 2024 gewarnt, datt de Wirtschaftsmodell vum franséische Schitourismus net méi haltbar wier.

Back to Top
CIM LOGO