Dräi Wochen nom AbrochFranséische Rechnungshaff kritiséiert Sécherheetsmesuren am Louvre schaarf

RTL Lëtzebuerg
Knapps dräi Wochen nom Déifstall vu Bijouen aus dem Louvre huet de franséische Rechnungshaff säi Rapport iwwert den Abroch presentéiert.
© BERTRAND GUAY / AFP

An dësem ginn d’Sécherheetsmesurë vum Musée nawell ferm kritiséiert. De Louvre hätt an de leschte Joren éischter op Aktioune gesat, fir sech ëffentlech ze profiléieren, amplaz an den Ausbau vun der Sécherheet ze investéieren, heescht et en Donneschdeg vu Vertrieder vum Rechnungshaff zu Paräis.

Den Déifstall vun de Bijouen wier en Alarmsignal a géif drop hiweisen, dass den Ausbau vun de Sécherheetsmesuren am Musée vill ze lues virukomm wiere, esou de Pierre Moscovici, President vum Rechnungshaff. Investitiounen an de Schutz vun de Konschtwierker wieren awer néideg, fir de kontinuéierleche Betrib vum Musée sécherzestellen.

De Moscovici huet an dësem Zesummenhang op e Sécherheetstest verwisen, deen tëscht 2015 an 2017 gemaach gouf. Dësen hätt eng ganz Partie Mëssstänn opgedeckt. Ma d’Recommandatiounen, déi an dësem Zesummenhang gemaach goufen, wiere bis haut nach net ëmgesat ginn.

Tëscht 2018 an 2024 hätt d’Direktioun vum Louvre dräi Milliounen Euro fir d’Sécherheet ausginn. Dem Rapport no wieren awer Depensen an Héicht vun 83 Milliounen Euro néideg gewiescht. Deem géigeniwwer huet de Musée an deem nämmlechten Zäitraum 27 Milliounen Euro fir Entretiensaarbechten um Gebai ausginn. 60 Milliounen Euro goufen an d’Restauréierung vu Konschtwierker investéiert wärend 105 Millioune an de Kaf vun neie Konschtwierker gefloss sinn.

De Louvre huet an enger éischter Reaktioun matgedeelt, der Recommandatioun vum Rapport, fir méi Suen an d’Sécherheet ze investéieren, nozekommen.

Back to Top
CIM LOGO